← Luxembourg

Projet de loi relatif à la promotion de la langue luxembourgeoise et portant modification 1. de la loi modifiée du 9 décembre 2005 déterminant les con

LE GOUVERNEMENT DU GRAND-DUCHÉ DE LUXEMBOURG Ministère d'État Le Ministre aux Relations avec le Parlement Monsieur le Président du Conseil d'État Luxembourg Personne en charge du dossier: Luxembourg, le 26 février 2018 Jean-Luc Schleich it 247 - 82954 SCL : L 5412 — 298 / nb V/réf. 52.641 Doc. parl. 7231 Objet : Projet de loi relatif à la promotion de la langue luxembourgeoise et portant modification

  1. de la loi modifiée du 9 décembre 2005 déterminant les conditions et modalités de nomination de certains fonctionnaires occupant des fonctions dirigeantes dans les administrations et services de l'État ;
  2. de la loi modifiée du 25 mars 2015 fixant le régime des traitements et les conditions et modalités d'avancement des fonctionnaires de l'État ;
  3. de la loi du 15 décembre 2017 concernant le budget des recettes et des dépenses de l'État pour l'exercice 2018 et
  4. de la loi modifiée du 25 juin 2004 portant réorganisation des instituts culturels de l'État. Monsieur le Président, À la demande du Ministre de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse, j'ai l'honneur de vous faire parvenir en annexe l'avis de l'Université du Luxembourg sur le projet de loi sous rubrique. Veuillez agréer, Monsieur le Président, l'assurance de ma haute considération. Pour le Ministre aux Relations avec le Parlement John Dann Directeur 43, boulevard F.-D. Roosevelt L-245o Luxembourg Tél. (+352) 247-82952 Fax (+352) 46 74 58 scl@scl.etat.lu www.legilux.lu www.gouvernement.lu wwwl uxem bou rg.lu f iuiiiu Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft Unité de recherche IPSE - Identités. Politiques Sociétés - Espace Université du Luxembourg L-4366 Esch-sur-Alzette Tél +352-466644-6383 peter.gilles()uni.lu http://staff.uni.luipetengilles UNIVERSITÉ ou LUXEMBOURG Esch/Belval, de 4.2.2018 Minister Claude Meisch Ministère de l'Éducation nationale, de l'Enfance et de la Jeunesse 29, rue Aldringen L-III8 Lëtzebuerg Avis iwwer de 'Projet de loi à la promotion de la langue luxembourgeoise an iwwer den 'Aktiounsplang iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch' Kierzlech huet d'Regierung nieft engem laangfristegen Aktiounsplang zur Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch och den entspriechende Projet de loi virgeluecht. Fir eis als den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft vun der Universitéit Lëtzebuerg ass dat den Ulass eisen Avis iwwert déi geplangt Mesuren ofzeginn. Et ass generell méi wéi ze begréissen, dass endlech — no dem Sproochegesetz vun 1984 — erëm méi substanziell sproochepolitesch Efforte sollen op de Wee bruecht ginn, fir de Status vum Lëtzebuergeschen ze stäerken. Déi folgend Kommentarer baséieren op eiser méi wéi 10-järeger akademescher Recherche iwwert d'Lëtzebuerger Sprooch a Literatur, dem Enseignement an zwou Formatiounen (Formation continue 'Lëtzebuerger Sprooch a Kultur (säit 2007) a Master en enseignement secondaire — Filière langue et littératures luxembourgeoises' (säit 2009)). Si sinn als konstruktiv Diskussioun geduecht, fir e weideren Austausch tëscht dem Ministaire an der Universitéit ze initiéieren. www.unitu Campus Berval 2, aventre de FUnivensirê L-4365 Esch-sur-Aizette T. +352 46 66 44 4029 Campus Limpertsberg 162e, evenue de a Farencene L-1511 Luxembourg T +352 / 46 66 44 6000 F .352 46 66 44 6567 Campus Kirchberg 6, rde Richard Cutenhove-Kalergi L-1359 Luxembourg T . +352 / 46 66 44 5900 F. +352 46 66 44 5530 Etablissement public Loi du 12 gobt 2003 Mértiona A149 do 6 octobre 2003 TVA intracorn LU 19805732 - Luxembcurg ,r2.0 Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch Et ass eng gutt lnitiativ, eng lnstitutioun ze hunn, déi sech kontinuéierlech a konsistent ëm d'Politik an den Ausbau vun der Lëtzebuerger Sprooch bekëmmert. Bei zwee Aspekter gesi mir hei Diskussiounsbedarf: • Dës nei Strukture ginn nieft ähnleche Strukturen, déi deelweis scho laang en place sinn, opgebaut: Dat sinn d'Section de linguistique, d'éthnologie et d'onomastique vum lnstitut drand-ducal, den CPLL an den Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft op der Uni Lëtzebuerg. Mir gesinn hei eng Iwwerkomplexitéit vun de Strukturen, déi zu Transmissiounsverloschter a Problemer bei der Kompetenzenopdeelung féiere kënnen. • Fir eis als universitâren lnstitut ass et net evident, wéiwäit den Zenter och an d'Recherche agebonne soll ginn. Ass virgesinn, dass den Zenter och akademesch oder ugewannt Recherche mécht? Och d'Roll vum Kommissär an awéiwäit duerch hien d'Fuerschung koordinéiert soll ginn, geet fir eis aus dem Text net ervir. Fir lwwerschneidungen ze evitéieren an och Kollaboratiounen ze vereinfachen, wier et néideg, d'Missiounen ze vercläitlechen. Lëtzebuergesch an der Educatioun Déi proposéiert Mesuren, fir d'Lëtzebuergescht ze enseignéieren an ze léieren, sinn alleguer ze begréissen. De Schwéierpunkt vun de Mesurë schéngt eis am Beräich 'Lëtzebuergesch als Friemsprooch ze leien, wat och immens wichteg fir d'Cohésion sociale ass. Op der anerer Säit misst awer eiser Meenung no och de Beräich vum Lëtzebuergeschen als Mammesprooch substanziell ausgebaut ginn. An eiser laangjäreger Erfarung am akademeschen Enseignement mat lëtzebuergesche Mammesproochler kënnt ëmmer erëm dat aitlecht Bedierfnes op, op verschiddenen Niveaue vum Alldag an an de Schoule generell méi iwwert déi eege Sprooch gewuer ze ginn, fir se an der Praxis besser asetzen ze kënnen (Orthografie, Sproochgeschicht, Grammaire, Literatur, Kultur etc.). Dëst Bedierfnes huet keen nationalisteschen Hannergrond an ass och keng Kritik un oder Ofleenung vun der aktueller méisproocheger Gesellschaft. Villméi ass dës eng als 'natierlech' a legitim gefillten Uwennung vun der eegener Sprooch am Alldag, an dat net just an der geschwatener Form, mee och an der geschriwwener. Dat betrëfft natierlech besonnesch de sensiblen Aspekt vum Lëtzebuergeschen an de Lycéeën. Fir dass d'Sprooch laangfristeg kann erhale ginn, ass eiser Meenung no eng aktiv an determinéiert Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen (Kultur, Sprooch, Literatur, Geschicht etc.) am Educatiounssystem noutwendeg; dat implizéiert och, awer net nëmmen, dass d'Sprooch verstäerkt als Schrëftsprooch agesat gëtt. D'Basis dozou ass mat eisem Master, der Aféierung vum Professer fir d'Lëtzebuergescht an och mam LOD elo scho geluecht. D'Ausschaffe vu Léiermaterial fir d'Utzebuerger Sprooch, Literatur a Kultur sollt intensivéiert ginn. Prinzipiell hale mir den Ausbau vum Enseignement fir néideg, deen iwwert Optiounen am Lycée erausgeet. Eng Méiglechkeet wier z.B., dass Lëtzebuergesch méi staark mam Enseignement vum Däitsche vernetzt gëtt. UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG Et ass eiser Opfaassung no wichteg, dass d'Lëtzebuergescht och am Schrëftlechen eng Normalitéit gëtt — ouni awer a Konkurrenz mam Franséischen oder Däitschen ze trieden; e positiivt Beispill ass do d'Aktioun 'Gewosst wéi — E Bléck op d'Iëtzebuerger Orthographie'. Wann allerdéngs eng Normalitéit a Fro gestallt gëtt, da besteet an eiser Opfaassung d'Gefor, dass d'Sprooch méi a méi als Minoritéitesprooch gesi gëtt. Sproochepolitesch Mesurë géifen dann éischter aus enger Defensiv eraus operéieren, wat de Spillraum no an no aschränkt. D'Kultivéierung vun der Sprooch geet just, wann ee sech mat der Sprooch substanziell ausernanersetzt, an do huet de schrëftlechen Niveau seng zentral Plaz. Verbonnen domat ass, dass et eis néideg schéngt, dass d'Sprooch generell méi Visibilitéit an Unerkennung am Alldag kritt an d'BiergerInnen net d'Impressioun kréien (z.B. bei Formulairen, Internetsitten, Schëlter etc.), dass d'Lëtzebuergescht eng Niewesächlechkeet ass, déi manner wichteg niewent anere Sprooche matleeft. Weider Aspekter • D'Beméiungen, d'Lëtzebuergescht als offiziell Sprooch bei der EU anzeféieren ass ganz positiv ze gesinn. Et ass evident, dass domat méi eng symbolesch Mesure intendéiert ass, dass also net all EU-Dokumenter op Lëtzebuergesch sollen iwwersat ginn. Eiser Meenung no géif et och duergoen, just zentral a pertinent EU-Texter ze iwwersetzen. D'Mesure selwer géif och am Land positiv opgeholl ginn an hätt indirekt national an international Repercussiounen op de Status vum Lëtzebuergeschen. Ze begréissen ass och, dass d'Lëtzebuergescht an der zukünfteger Constitutioun adäquat soll ernimmt ginn, dat heescht, nieft 'Nationalsprooch', och als eng vun den offizielle Sprooche vum Land, wat jo bis elo evitéiert ginn ass. Positiv ze bewäerten ass, dass den CPLL eng méi kloer definéiert Roll soll kréien an och eng final Instanz soll ginn, fir wichteg Decisiounen a Bezuch op dtétzebuergescht ze huelen. • UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG E Punkt, deen am Aktiounsplang just kuerz ernimmt gëtt, betrëfft d'Digitaliséierung. DYirtualiséierung an d'Digitaliséierung vun der Kommunikatioun wäerten an den nächste Jore massiv zouhuelen. Och wa lo nach net kloer ass, wéi dat genee wäert ausgesinn, dierft evident sinn, dass d'Schrëftsprooch dobâi eng zentral Roll wäert spillen. An deem Kontext ass virauszesinn, dass digital Servicer wéi Internetsitten, awer och Chatbotten, automatesch Sproocherkennungs- a -syntheessystemer, Assistenzsystemer etc. méi Relevanz kréien. Eng generell seriö Beschäftegung mam Lëtzebuergeschen, wéi se am Aktiounsplang och ugeueucht ass, ass doriwwer eraus am aktuelle gesellschaftleche Klima och noutwendeg, fir nationalistesch a populistesch Stréimungen, déi d'Lëtzebuergescht stellvertriedend fir aner Ziler instrumentaliséieren, ze begéinen an ze neutraliséieren. Et schéngt fir eis elo de passenden aitpunkt komm ze sinn, fir d'Méiglechkeete vun enger méi enker Zesummenaarbecht tëschent der Universitéit an de geplangten Neistrukturéierungen, resp. Institutiounen, déi schonn existéieren, ze diskutéieren. Institut fir lëtzebuergesch Sprooch- a Literaturwëssenschaft, Universitéit Lëtzebuerg http://www.lux.ipse.0 ni. lu Kontakt: Prof Dr. Peter Gilles (peter.gilles@uni.Iu) I Ass-prof Dr. feanne E. Glesener (jeanne.glesener@uni.lu) Uni.i11 UNIVERSITÉ DU LUXEMBOURG

🔗 Vers la source officielle

Explication IA à partir du texte officiel de la loi. Indicatif, ne remplace pas un conseil juridique.