Schrëftsteller*innen IAssociatioun: Association: Lêtzebuerg er Littérature Association: Luxembourgish Assoziation: Luxemburg er Literatur Luxembourgeoise Literature Literatur Associação: Literatura Luxemburguesa 1, rue de Laroche, L-1918 Luxembourg www.a-11.1u info@a-11.1u Weimerskierch, den
- Januar 2022 Objet: Projet de loi portant modification de la loi modifiée du 19 décembre 2014 relative 1) aux mesures sociales au bénéfice des artistes professionnels indépendants et des intermittents du spectacle, 2) à la promotion de la création artistique. De proposéierte Gesetzesprojet zu de Mesures de soutien ass ee wichtege Bausteen, fir engersäits Kënschtler*inne besser z'ënnerstëtzen, déi selbststänneg zu Lëtzebuerg schaffen. Anerersäits ass et ee Signal fir den Nowuess an zukünfteg Generatiounen, déi sech ë. a. duerch dëse Kader beschtefalls incitéiert fillen, de Wee vun der artistescher Selbststännegkeet anzeschloen. Dat gëllt och fir de Beräich vun der Literatur. A:LL begréisst virun deem Hannergrond d'Changementer, déi notamment beim Artiste professionnel indépendant virgesi sinn an déi sech an den Horizont vum Kulturentwécklungsplang aschreiwen. (D'schrëftstelleresch Aktivitéit entsprécht méi dacks deem Profil a méi seelen deem vum Intermittent du spectacle. Dowéinst konzentréiere mir eis an dësem Avis op den Artiste professionnel indépendant.) • D'Erhéijung vum Montant (max. 6xSSM) an eng aktualiséiert, méi flexibel Manéier, wéi d'Aidë Mount fir Mount kënnen ugefrot ginn, droen der Tatsaach Rechnung, datt Schrëftsteller*innen dacks punktuell respektiv phaseweis bezuelt ginn. Liesungen, Opträg fir Theaterstécker, Tantieme vum Buchverkaf — dës Zorte vu Remuneratioune lafen net kontinuéierlech, ma sinn un d'Realisatioun vu Projete gebonnen, tëscht deenen och mol e puer Méint respektiv Joren Dit leie kënnen. Mat de proposéierten Ännerunge kënnen dës Zäitraim, déi integral zur kreativer Schaff dozougehéieren, besser geréiert ginn. • Am Hibléck op eng artistesch Karriär sinn zwee Punkte besonnesch positiv ervirzehiewen: D'Bourse de relève, déi Debütant*inne viséiert an hinnen hëlleft, sech wärend sechs Méint bei der CCSS z'affiliéieren, fir esou hir Demande bei der Kommissioun ze preparéieren. An déi besonnesch Konditiounen, vun deene Kënschtler*innen, déi méi al wéi 50 respektiv 55 Joer sinn, profitéieren: datt engersäits (fir 55+) de Plafond annuel vun den ausbezuelten Aidë méi héich ugesat gëtt, datt anerersäits (fir 50+) d'Dauer, wärend där si vun den Mesures sociales profitéiere kënnen, méi laang leeft. • Am Hibléck op déi besonnesch Situatioun vum schrëftstelleresche Curriculum muss festgehale ginn: Am Géigesaz zu anere Konschtsparten, bei deenen et eng etabléiert akademesch Ausbildung (notamment Konschthéichschoulen a Schauspillschoulen) gëtt, ass d'Ausbildung am Literatursecteur anescht strukturéiert. Zwar gëtt et a ville Länner ëmmer méi Creative-Writing-Studiegäng. An awer duerchleeft ee Gros vun de professionelle Schrëftsteller*innen net dës Studiegäng, wat näischt iwwer d'Envergure an de Wäert vun Schrëftsteller*inneg I Associatioun: Association. Letzebuerger Littérature Association: Luxembourgish Assoziation: Luxemburger Literatur Luxembourgeoise Literature Literatur Associaçào: Literatura Luxemburguesa 1, rue de Laroche, L-1918 Luxembourg www.a-11.1u info@a-11.1u hirer artistescher Schaf ausseet. En vue vum neien Artikel 7 ("Aides en faveur des artistes prof. ind.") ass et eis dowéinst wichteg, festzehalen, datt den Terme vun "Études spécialisées" bei den Decisioune vun der Kommissioun pragmatesch gehandhaabt misst ginn. Ee klassesche Sproochestudium soll (nieft de Creative-Writing-Studiegäng) genee sou bei der accordéierter Dispens respektéiert gi wéi Studiegäng (Philosophie, Geschicht, Kulturwëssenschaften, Soziologie etc.), déi ee besonneschen Interessi u kulturellen Artefakten opweisen. Bei der Entscheedung, ob déi zäitlech (Punkt 2) a finanziell (Punkt 3) Conditions d'entrée wéinst engem ofgeschlossene Studium ausgesat ginn, sollt ëmmer de Profil, den artistesche Fokus an déi kreativ Ausriichtung vum Portfolio envisagéiert ginn. Beispillsweis sollten och naturwëssenschaftlech Etudë valoriséiert ginn, wann den/d'Kënschtler*in sech an de Wierker mat där Matière beschäftegt, wann de Studium also essentiell d'artistesch Approche gepräägt huet. Och soll bei der Entscheedung iwwer d'Dispens d'Validation des acquis de l'expérience (VAE) als Méiglechkeet consideréiert ginn, duerch déi eng artistesch Ausbildung vun dem/der Kënschtler*in wäertgeschätzt ka ginn. • Et muss och festgehale ginn, datt d'Mesures de soutien dacks genotzt ginn, fir déi héich Cotisatiounen, déi een als selbststänneg Persoun bei der CCSS huet, ze kompenséieren. Wat als finanziellt Netz konzipéiert ass, dat a Phase vu geréngem Verdéngscht gräift, ass fir vill Kënschtler*innen zu enger dauerhafter Method ginn, fir déi finanziell Contrainten zu Lëtzebuerg ze meeschteren. Ee Mechanismus, dee punktuell aktivéiert soll ginn, gëtt kontinuéierlech genotzt. Op laang Siicht misst eiser Meenung no um Chantier CCSS — selbstönneg Kënschtler*in geschafft ginn, fir béid Beräicher auserneenzehalen: D'Mesures de soutien gräifen ënner d'Äerm, wann de Verdéngscht aus bekannte Grënn ze niddreg ass. Dovunner onofhängeg muss déi offensichtlech Problematik vun de Cotisatiounen oppen an kompromëssbereet analyséiert ginn, notamment am Hibléck op Modeller wéi d'Künstiersozialkosse an Nitschland. • NB: Ee Punkt, deen net direkt de Projet de loi betrëfft, deen awer wichteg fir säi Fonctionnement ass: Fir eng transparent an argumentativ novollzéibar Kommunikatioun tëscht der Kommissioun, déi d'Demanden traitéiert, an de Kënschtler*innen ze garantéieren, wier eng Zort vu Glossaire / Info-Booklet vu groussem Notzen. Esou een Dokument géif d'Terminologie klären, d'Schaff an d'Argumentatioune vun der Kommissioun erläuteren, d'Demarchen an d'Kontakter fir Nowuess-Kënschtler*innen (
- Demande) erklären a rekurrent Froen beäntweren. En vue vun de villen Ännerungen, déi de Projet de loi brénge wäert, a vu 5% neien Demande pro Joer wier esou ee Pabeier, dee Joer fir Joer aktualiséiert gëtt, fir béide Säiten eng essentiel! Ressource. Samuel Hamen, Präsident, fir de Verwaltungsrot vun A:LL