Conférence Nationale aes des Élèves tieves au du Luxemoourg Luxembourg iiICNEL Juli 2025 Avis zum Snus Konsum an de Lycéeën An deene leschte Joren hunn neiaarteg Nikotinsproduiten sech staark an eise Lycéeën duerchgesat. Produite wéi d'Nikotin Pouches, ënnert de Leit och gare Snus genannt, hunn Iwwerhand an de Schoule geholl an dat net just bei den Eeleren. Laut de Statistike vun der Fondation Cancer vum
- Mee ass gewosst, dass 16% vun de 16 - 24 Jaregen Snus konsuméieren1, eng Zuel déi eis zudéifst besuergt. D'CNEL, déi national Schülerkonferenz, huet an dem Kader och eng national Ëmfro an de Lycéeë lancéiert, déi als Zil hat d'Konsumverhale vun de Schüler mam Snus rauszefannen. Bei der Ëmfro, un dàr iwwert 1000 Schülerinnen a Schüler deelgeholl hunn (Stand
- Juli 2025), hu bal 22% vun den 12-18+ Jaregen, also bal ee Véierel, uginn, scho Snus ausprobéiert ze hunn, resp. reegelméisseg ze konsuméieren. Dës Zuele weise kloer, dass et sech hei net méi ëm Eenzelfâll, mee ëm een Trend, ee gesondheetlech ganz geféierlechen Trend, handelt, dee vu ville Jonke fâlschlecherweis als "gesond Alternativ" zum klassesche Fëmmen ugesi gëtt. D'Àntwerten aus der Ëmfro weisen daitlech: • Vill Schülerinnen a Schüler si net genuch opgeklâert iwwer d'Risiken, déi Snus mat sech bréngt, wéi z. B. d'Sucht- an d'Gesondheetsgefor. • Gruppezwang, Virwëtz, awer och Stress, Konzentratiounsproblemer oder einfach d'Gefill dobài wëllen ze sinn, ginn als Haaptgrënn genannt. • Den Zougang zu Snus geschitt oft ouni Kontroll, iwwert Frënn an hirer Altersgrupp, Butteker wou Tubaksproduite verkaf ginn, Online-Shops oder sozial Netzwierker. Dacks gëtt dobài keng Altersverifikatioun gemaach, an et feele wichteg Informatioune wéi z. B. d'Stàerkt vum Nikotin oder d'Gesondheetsrisiken. Dat beweist: Et muss elo gehandelt ginn - net eréischt dann, wann et ze spéit ass. ConférencW W info@cnel.lu Tél.: +352 40 60 90 333 u to4Wâ èW 87, route de Thionville L-2611 Luxembourg html www.cnel.lu • iil CNEL Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg D'CNEL rifft aus dëse Grënn d'Gesondheetsministesch an ail zoustànneg Instanzen dozou op, déi follgend Mesuren ëmzesetzen:
- Verkafsverbuet vu Snus u Mannerjâreger.
- Streng Regulatioun vum Online-Verkaf, mat kloren Alterskontrollen.
- Limitéierung vun der Nikotinstâerkt an dëse Produiten.
- Séier a konkret Ëmsetzung vum Gesetzesprojet, deen zwar deponéiert ass, mee zënter 2 Joer blockéiert oder verzôgert gëtt.
- Opklàrungscampagnen an de Schoulen, déi realitéitsno a wëssenschaftlech iwwer dës Nikotinsproduiten informéieren a warnen.
- Reklammsverbuet a Verbuet vu Verpackungen oder Branding, déi Jonker uschwàtzen. Als national Schülerkonferenz verlaange mir, dass d'Stëmm vun de Betraffenen, de jonke Leit am Land, eescht geholl gëtt. D'Situatioun ass net méi z'akzeptéieren, a weider Passivitéit kéint gravéierend Konsequenze fir d'Gesondheet vun enger ganzer Generatioun hunn. D'CNEL ass bereet, matzeschaffen an ze ënnerstëtzen an an den Dialog mat Politik, Schoulen a Verwaltungen ze trieden. Mat groussem Respekt a voiler Hoffnung op zâitno Moossnamen, Am Numm vun der CNEL Semir Honsic Vize-President CNEL Conférence Nationale des Élèves du Luxembourg info@cnel.lu TéL: +352 40 60 90 333 87, route de Thionville L-2611 Luxembourg www.cnel.lu