← Luxembourg

En bref

Cette déclaration gouvernementale, prononcée par le Premier Ministre Jean-Claude Juncker le 12 août 1999, expose les orientations politiques et les priorités du nouveau gouvernement luxembourgeois. Elle vise à définir une feuille de route pour les cinq prochaines années, en s'appuyant sur un changement réfléchi et la continuité.

Ce qu'elle réglemente

Qui elle concerne

Points clés

📄 Texte de loi
1031 MEMORIAL MEMORIAL Journal Officiel du Grand-Duché de Luxembourg Amtsblatt des Großherzogtums Luxemburg RECUEIL ADMINISTRATIF ET ECONOMIQUE B –– N° 50 21 octobre 1999 Déclaration gouvernementale Déclaration prononcée par Monsieur Jean-Claude JUNCKER, Premier Ministre, Ministre d’Etat le 12 août 1999 à la Chambre des Députés Texte luxembourgeois . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . page Texte français . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . . 1032 1043 1032 Här President, Dir Dammen an dir Hären, Dat politescht Bild, dat de souveräne Wieler de läschten 13. Juni gemolt huet, léisst ënnerschiddlech Interpretatiounen zou. Wat de Wieler genau wollt soen, wat fir ee Message hie wollt gin, doriwwer gin d’Meenunge wäit auserneen. De Wieler stëmmt of, awer hien erklärt säi Vote net. Mee eppes as kloer : d’Lëtzebuerger wollten ee Stéck Wiessel hun, frësch Loft an een neie Bléck op d’Leit an op d’Saach. Si wollten net den totale Broch mat deem wat war. D’Lëtzebuerger si keng Leit vum radikale Wiessel. Si si Leit vum gutt iwwerluechtene Changement an der Kontinuitéit. Déi nei Regirung déi sech haut am Parlament presentéiert verfügt iwwert eng inkontestabel demokratesch Legitimitéit. Si ka sech op eng Majoritéit an der Chamber stäipen, déi zwar méi schmuel as wéi fréier, mee awer breet genuch, fir decidéiert, konsequent a kohärent regéieren ze kënnen. Zur Demokratie gehéiert d’Méiglechkeet vun der Alternance. D’Verhandlungen déi zu hir gefouert hun, si muencher engem, dee presséiert war, e bësse laang virkomm. Mee dat war normal : mir haten eis vill ze soen. Wann ee foffzéng Joer laang op anere Weër an heiandsdo ganz verschidde Richtunge gaang as, da brauch een Zäit, fir déi Route festzeleën déi ee fënnef Joer laang zesumme wëllt fueren. Mir hun eis Usiichten iwwert dat wat war an dat wat kënnt, matenee verglach, mir hun eis ausgeschwaat iwwert Grondsätzleches an eis respektiv Reflexer op den Detail wierke gelooss. Ech weess haut : dës Regirung huet d’Imaginatioun an d’Kraaft fir déi Aufgaben déi op se waarden unzegoen. Déi Parteien déi se zesummesetzen hun och dat néidegt Vertrauen aneneen, fir déi Aufgaben kënnen ze meeschteren. Mir bilde keng Regirung géinteneen, mee eng Regirung mateneen. Zum Gudde vum Land an zum Gudde vu senge Leit. D’Regirung setzt sech net aus Parteien zesummen, vun deenen déi eng fir de Wiessel an den Dialog an déi aner fir d’Erhalen an d’Decisioun zoustänneg wieren. Do wou d’Saache bleiwe wéi se sin, bleiwe s’et well mer et zesummen esou wollten. Do wou se anescht gin, gi s’et well mer se zesumme wëllen änneren. Mat dem Untrëtt vun däer neier Regirung fänkt keng nei, mee eng aner Zäit un. Si knäppt un d’Leeschtung vun de läschte Joren un. An d’Leeschtunge vun deene läschte Jore waren och d’Leeschtunge vun der sozialistescher Partei, däer ech vun dëser Plaz aus an a mengem Numm wollt Merci soe fir villes, wat mer zesumme fäerdeg bruecht hun. Déi Zäit déi kennt gët plazeweis anescht well nei Ideen, nei Sensibilitéiten an nei Leit hir Marke wäerte setzen. Ech sin houfreg op d’Leeschtung vun der Vergaangenheet a freë mech op déi, déi d’Zukunft méiglech mecht. Et as dës Zukunft, déi mer bei allem wat mer maachen, fest am Bléck mussen hun, d’Zukunft vun engem klenge Land an engem Europa dat wiisst an an enger Welt déi ëmmer méi komplizéiert gët. - Mir wëllen eisem Land eng fest Plaz an Europa gin a seng Visibilitéit no bausse verbesseren. - Mir wëllen een aktive Sozialstaat, deen net alles mécht, mee deen dat wat e mécht aus responsabler Solidaritéit eraus mécht. - Mir wëllen eng oppen a partizipativ Gesellschaft déi keen ausschléisst an an däer jiddfereen dee wëllt soll matschwätzen a matdecidéiere kënnen. - Mir wëllen eisem Land eng staark Wirtschaft erhalen, eng Wirtschaft déi muss kompetitiv bleiwe fir de Menschen dingen ze kënnen. - Mir wëllen ee leeschtungskräftege Staat deen de Kontakt mat der Modernitéit hält, ee Staat dee kompetent handelt an efficace fonktionnéiert. - Mir wëllen dat de Primat vun der nohalteger Entwécklung iwwerall, net nëmme mee awer och an der Ëmweltpolitik sichtbar gët. Dat as dat wat mer wëllen. An dat as dat wouriwwer ech a graffen Zich an dëser allgemenger politescher Erklärung wëll schwätzen. D’Weër déi mer dobäi wëlle goen, d’Mëttelen déi mer zu dësem Zweck wëllen asetzen, déi sin am Koalitiounsaccord beschriwwen, deen dëser Erklärung bäiläit, déi domat méi gerafft ka si wéi soss. Wéi dës Weër an all hire Verkabelungen, wéi dës Mëttelen an hire klengsten Detailer am Endeffekt sollen ausgesin, dat wäerten déi Projeten ausweisen déi mer der Chamber zouleede wäerten. Mat Aerer Chamber wäerte mer konstruktiv an am Respekt virum éischte Pouvoir vum Land zesumme schaffen. Mir fanne kee Gefalen um frontale Parlamentarismus, dee Léisungen, Viirschléi an Ideën aanescht bewäert jee nodeem, ob se am Gaart vun der Majoritéit oder an deem vun der Oppositioun gewues sin. Mir wëllen eng Regirung sin déi zolidd decidéiert a regéiert. Mir wëlle keng Regirung sin déi jiddferengem Recht gët, mee awer eng Regirung déi dialogéiert an nolauschtert, hei an der Chamber an dobaussen am Land. Nëmmen esou gi mer eng Regirung déi och nogelauschtert kritt. 1033 Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Eng fest Plaz an Europa Wa mer d’Saachen heiheem wëlle richteg geroden, musse mer eis fir dat wat ronderëm eis geschitt bal grad esou interesséieren, wéi wann et bei eis selwer ging passéieren. Nëmme wa mer eis fir déi aner interesséiere kënne mer se och influenzéieren. Influenz brauche mer fir d’éischt emol an der Groussregioun. An hir liewe Leit déi esou si wéi mir : si emfannen d’Grenzen als eppes wat trennt. Zesumme mat hinne musse mer se iwwerwannen. Wa Grenze keng Grenze méi sin, vergréissert sech eisen direkte Bannemaart op eng natiirlech Art a Weis, da gët en esou grouss wéi dee skandinaveschen. Lëtzebuerg as haut schon dee politeschen Zentrum vun der Groussregioun. Mir hun et an der Hand doraus wirtschaftlechen Notzen ze zéien, fir eis a fir déi aner. Eis mëttelstänneg Betriber déi an der Groussregioun investéieren wäerten esou gehollef kréien wéi wa s’am eegene Land géifen investéieren. D’Beméien hinnen an der Groussregioun gläich Chancen ze secheren wäert konstant sin. Mir striewe Synergie mat den Héichschoulen, den Universitéiten an de Fuerschungszentren aus der Groussregioun un. An 30, 40 Joer wäert Europa virun allem en Europa vun de Regiounen, net méi vun den Nationalstaate sin. D’Course fir eng vun de féierenden europäesche Regiounen ze gin as amgaang. Mir wëllen déi Avance déi mer hun rapid ausbauen. Influenz brauche mer awer och bei eisen direkten Noperen. Mat der Belsch, mat däer mer esou laang an enger ënnert dem Strich glécklecher Währungsunioun geliewt hun, wäerte mer de Vertrag iwwert d’UEBL verlängeren an un dat verännert Ëmfeld upassen. D’Konzertéierung am Benelux-Verbond, déi sech an de läschte Joren intensivéiert huet, bleiwt vu vitaler Bedeitung fir eist Land. Mir welle se an all politesch Fachberäicher eran erweideren. Gutt, jo exzellent Bezéiunge brauche mer zu eisen däitschen a franséischen Noperen. Wirtschaftlech, kulturell, europapolitesch verbënnt eis mat jiddferengem vun hinne méi, wéi si vuneneen trennt. Dat as eng Chance fir eis, heiandsdo och fir si. Et as an eisem Interessi, méi an déi bilateral Relatioune mat de Memberstaaten vun der europäescher Unioun ze investéieren. Dat wat mer bilateral séinen, geet an deem europäesche Gaart op, an deem haut 15 a mar nach méi Staaten d’Blumme vun der Zukunft plécken. Aus heiteger Siicht, an och mam Bléck op mar, gëtt et zu Lëtzebuerg keng Alternativ zur europäescher Unioun. D’Regirung wäert hëllefen, d’Erweiderung vun der Europäescher Unioun no Mëttel-, Ost- a Südeuropa virun ze dreiwen. Virun dreiwen heescht net iwwerstierzen, virun dreiwen heescht matfuere wann d’Geschicht op d’Iwwerhuelspur wiesselt. Dat Europa dat mer fir mar wellen – een Europa vum kontinentale Fridden -, dat gëtt nëmmen eppes wa mer dat, wat mer haut hun, a Bewegung halen. An deem Europa vun haut wëlle mer bei deene sin déi proposéieren, net bei deenen déi negéieren. Eis uereegen Interesse si bei Europa am beschten opgehuewen. Wa se a Bedrängnis geroden, wäerte mer eis ze wiere wessen. D’europäesch Steierharmoniséierung, déi mer grondsätzlech bejohen, akzeptéiere mer net zu all Präis, an dofir bleiwt et bei däer ageschloener Verhandlungsstrategie. D’Straffung vun den europäeschen Decisiounen, déi mer grad esou wéi eis Partner ustriewen, wäert net zur Folleg hun, datt mer wichteg Rechter – d’Recht op e Kommissär, d’Recht op d’Presidence, d’Recht op adäquat Matsprooch – an d’Schanz schéissen. Mir hale fest un der atlantescher an un der transatlantescher Zesummenaarbecht, wënschen eis awer eng méi ausgeprägte verteidegungspolitesch Dimensioun vun der Europäescher Unioun. D’Importenz vun der verteidegungspolitescher Debatte am Europa vun deene kommende Joren huet et wënschenswäert erschénge gelooss, d’Kompetenz fir d’Verdeedegungspolitik an domat fir d’Arméi am Ausseministère ënnerzebréngen. Eng besser Visibilitéit vun eisem Land no baussen huet et opportun erschénge gelooss, ee Corps vun zivile Volontären opzestellen, deen zu humanitären Asäz a Kriiseregioune kann delegéiert gin. D’Aarbechte vun der Europäescher Unioun mussen heiheem ëmgesat gin. Si mussen dofir besser wéi bis elo tëscht dem Parlament an der Regirung am Virfeld vun den eigentlechen Decisioune virbereet gin. Zu enger besserer Virbereedung gehéiert och eng méi intensiv regirungs- a verwaltungsintern Koordinatioun, fir déi d’Ausseministesch wäert suergen. D’Groussregioun, de Benelux, d’Europäesch Unioun, d’Nato : dat as net déi ganz Welt. Mir mussen als klengt Land eng besser Visibilitéit ausserhalb vun eisen natiirlechen Interessen- an Allianzreim kréien. Eis Präsenz an Asien baue mer aus, eis Präsenz an Afrika fänke mer un. Dee lëtzebuerger entwécklungspoliteschen Effort get op héigem Niveau virugefouert, fir 1 Prozent vum Bruttoinlandprodukt ze erreechen. Hie konzentréiert sech geographesch op eng Rei Ziellänner an inhaltlech op déi sozial Strukturen, d’Edukatioun, op d’Santé an op d’Chancegläichheet tëscht Männer a Fraen. D’Entwécklungshëllef gët periodesch evaluéiert an duerno ugepasst. 1034 Fir dat alles maachen ze kënnen brauche mer een Ausseminister, dee fir d’Koordinatioun vun der Europapolitik a fir de Rescht vun der Aussepolitik zoustänneg as. Fir dat alles ze packe brauche mer ee Verteidegungsminister, deen d’Arméi soll fit maache fir Friddenserhalensmissiounen a Kriisegestioun. Fir dës Ziler kënnen ze erreechen brauche mer en Entwécklungsminister, ee vollwäertege Minister, deen der Action humanitaire zousätzleche Schwonk soll gin. Mir hu keng zwee Ausseministeren, mee nëmmen een. Mir hun een Entwécklungsminister do wou mer an deene läschte Regirungen ee Staatssekretär haten. Datt de Staatsminister an der Aussenpolitik a besonnesch an der Europapolitik ee Wuert matschwätzt, as déi normalste Saach vun der Welt. Dëst Matschwätze féiert an deenen nächste 5 Joer zu kenge Konflikter. Fir een aktive Sozialstaat Esou wichteg wéi d’politesch Aktioun no baussen as, esou wichteg as dat resultatorientéiert politescht Handelen no bannen. Eist Land muss ee Land bleiwen, wou déi sozial Equilibren richteg anenee gräifen. Do wou se Rëss hun, musse mer se stäerken. Déi éischt Suerg déi mer mussen hun, as d’Suerg ëm d’Aarbecht. D’Aarbecht as rar gin an Europa an d’Aarbechtslosegkeet deementspriechend grouss. Zu Lëtzebuerg hu mer nach Aarbecht genuch an d’Aarbechtslosegkeet as deementspriechend kleng. Dat soll sech an Europa änneren, zu Lëtzebuerg net. Well eis Situatioun grondverschidde vun der europäescher as, wëlle mer keng auslännesch Modeller noäffen. Mir brauche keng legal Verkierzung vun der Aarbechtszäit : si géif deene klenge Betriber méi schuede wéi de Chomeuren notzen. D’Regirung wäert dofir och keng Initiativ an deem Beräich ergräifen, mee si wäert déi tarifpolitesch Efforten finanziell ënnerstëtzen, déi iwwert de Wee vun der kollektivvertraglech erbäigefouerter Aarbechtszäitverkierzung zur effektiver Neiastellung vu Chomeure féieren. Si wäert all déi am nationale Beschäftegungsplang verakkordéiert a votéiert Moossnahmen fir d’Ëmgestaltung vun der Aarbechtsorganisatioun, och fir d’Aarbechtszäitorganisatioun, ënnerstëtzen an ee Gesetz iwwert Zäitkonten an nach net geregelt Forme vu Carrière-Ënnerbriechung abréngen. Dat zielt fir de Privatsekteur. Dat zielt och fir den öffentleche Sekteur, wou der Deelzäitaarbecht ee méi grousse Raum soll zoukommen. Aarbechtslosegkeet bekämpft een am beschten an am séiersten duerch Aarbecht. Dofir as d’Regirung gewëllt, déi aktiv Aarbechtsmaartpolitik virun ze féieren an ze intensivéieren. D’Applikatioun vum nationale Beschäftegungsplang gëtt genau verfollegt an déi Ergänzungen a Precisiounen déi sech ergin, gi virgeholl. Mee eent steet fest : op eist Land kënnt keng wëll Flexibiliséierung zou. D’Beruffsausbildungsefforten gi viru gefouert, an enker Ofstëmmung mat den Entreprisen. D’Gesetz vun 1945 iwwert den Apprentissage gëtt iwwerkuckt. De « Centre de formation professionnelle continue » gëtt an een « Etablissement public » ëmgewandelt, deen d’ganzt Joer iwwer fonktionnéiert an domat d’Haaptinstrument vun der Weiderbildung a vun der Ëmschoulung gëtt. Déi konsequent Ëmsetzung vum Gesetz iwwert d’ « Formation continue » schaaft d’Viraussetzung derfir, datt déi déi haut eng Aarbecht hun hir Chance um Aarbechtsmaart vu mar behalen. Aarbecht a Beschäftegung fannen net am lofteidle Raum statt. Si spille sech of an enger heiandsdo haarder Wierklechkeet, déi vum Regelwierk vum Aarbechtsrecht begleet a forméiert gët. D’Aarbechtsrecht wäert keng fundamental Neiausriichtung kréien. Et bleiwt derbäi : d’Aarbechtsrecht schützt déi déi schaffen, däerf awer net déi déi Aarbechtsplaze schaaffen onnéideg anengen. All aarbechtsrechtlech Schrëtt musse PME-kompatibel sin. D’Gesetz iwwert de Kënnegungsschutz gëtt am Liicht vun der Jurisprudenz den initialen Usiichte vum Legislateur rapprochéiert. D’Aarbechtsrecht gëtt kodifizéiert, den Tele-travail geregelt, mee net iwwerreguléiert. D’Rechter vun de Salariéën am Fall vun der Faillite gi gestäerkt. D’Entreprisen aus dem sozio-ekonomesche Sekteur kréien ee Statut. D’Regirung wäert eng zolidd Initiativ am Beräich vun der Verméigensbildung huelen. Net nëmmen am Privatsekteur solle Spuer- a Verméigensbildungsmodeller ënnerstëtzt gin. Och am öffentleche Sekteur wäert de Patron Staat all iwwerleënswäert Ustéiss an déi Richtung mat engagéierter Sympathie begleeden. Net nëmmen déi individuell Aarbechtsrelatioune si wichteg. Och déi kollektiv Aarbechtsrelatiounen hun eng Bedeitung. D’Kollektivvertragsgesetz vun 1965 as reformbedürfteg. Et gëtt reforméiert. D’Kritère vun der nationaler Representativitéit gi preziséiert. An Zukunft soll kloer sin, vu wéini un eng Gewerkschaft vertragsfäheg as a wéini datt se ophält et ze sin. A kengem Fall däerf d’Neifaassung vun de Representativitéitskritèren zu enger schiedlecher Zersplitterung vun der Gewerkschaftslandschaft féieren. Iwwert d’Rechter an d’Flichte vu sektoriell representative Gewerkschafte gëtt mat de Sozialpartner verhandelt. Mir brauchen hei eng Léisung déi terraingerecht as an déi net alles op d’Kopp werft. Am Kader vun der Reform vum Kollektivvertragsgesetz gëtt och d’Funktiounsweis vum nationale Schlichtungsamt der Zäit ugepasst. D’Gewerbeinspektioun gëtt reforméiert an hir preventiv Roll bei der Konfliktverhënnerung verstäerkt. Wann een hei am Land iwwert de Sozialstaat schwätzt, da menge vill Leit, et wier een an engem Gespréich iwwer Renten a Pensiounen. Ech korrigéiere mech : iwwer méi héich Renten a Pensiounen. Heiandsdo huet een den Androck, d’Politik zu Lëtzebuerg wier soss näischt wéi Rentepolitik. Un dësem Androck si mer als Politik net ganz onschëlleg. Mir hun elo zwou Méiglechkeeten : entweder fuere mer virun esou ze maachen wéi wann den Alpha an den Omega vun all Politik d’Renten an d’Pensioune wieren oder mier probéieren – no Méiglechkeet alleguer zesummen – d’Renten an d’Pensiounsdebatt ze objektivéieren an a richteg Bunnen ze leeden. 1035 Et war fir keen eng grouss Iwwerraschung, datt et deenen zwou Parteien déi sech d’Regirungsverantwortung deelen net méiglech war, hir respektiv Standpunkter iwwert de Pensiounsregime am öffentleche Secteur op ee Nenner ze bréngen. CSV an DP hun hiren Desaccord musse feststellen, souwuel wat deen neie Pensiounsregime wéi och wat de sougenannten Iwwergangsregime betrëfft. Aus deem net onerwaarte Feststelle vun dësem Desaccord ergëtt sech, dat déi betreffend Gesetzer viru fueren hir Konsequenzen ze zeitegen. De konstatéierten Desaccord hënnert d’Regirungsparteien allerdings net drun de statutaresche Charakter vum öffentleche Pensiounsregime ze reaffirméieren an sech ze engagéieren, hien an dëser Legislaturperiod net a Fro ze stellen. Deen Desaccord hënnert se net drun – well mer d’Renten- an d’Pensiounsproblematik jo wëllen objektivéieren –, eng vergläichend Etude iwwert d’Pensioune vum neie Regime an d’Renten an d’Zousazpensiounen am Privatsecteur an Optrag ze gin. Ech hu virun e puer Minutte schon erklärt, datt de festgestallten Desaccord am Pensiounsberäich aner sozialpolitesch Fortschrëtter am öffentleche Secteur net ausschléisst. Et kënnt derbäi, datt d’Regirung sech engagéiert, an dëser Legislaturperiod eng Gehälterrevisioun virzehuelen. Déi as natiirlech net ze verwiessele mat enger horizontaler Lounerhéigung. Si stellt de Versuch duer, d’Remuneratioune vun deene eenzelne Carrièren op Grond vun hirer Entwécklung wat d’Studien, d’Attributiounen, d’Sujestiounen an d’Responsabilitéit par rapport zu de sougenannte Carrières-pivot openeen ofzestëmmen. D’Personalvertretunge gi selbstverständlech virum Dépôt vun engem diesbezügleche Gesetzprojet konsultéiert. D’Lounpolitik selwer wäert eng kontinuierlech sin a sech, no Verhandlunge mat däer repräsentativster Staatsbeamtegewerkschaft an no Konsultatioun vun deenen anere Syndikaten, un der wirtschaftlecher Situatioun an un der allgeménger Lounentwécklung am Land ausriichten. Dës allgeméng Lounentwécklung muss déi wirtschaftspolitesch Orientéierungen an déi beschäftegungspolitesch Leitlinie vun der Europäescher Unioun respektéieren. Dat heescht, datt d’Léin an alle Secteuren, och beim Staat, moderat musse wuessen. Am öffentleche Secteur fannen d’Lounverhandlungen am Prinzip all 2 Joer statt. Déi éischt Ronn as fir d’Enn vun dësem Joer ugesat. Mir sin eis eens an der Regirung fir ze soen, datt den Haptproblem am Beräich vun de Renten an hirer mëttel- a laangfristeger Ofsëcherung besteet. Dofir hält d’Regirung un der Indexéierung vun de Renten un d’Präisentwécklung an un hirer Upassung un d’Lounentwécklung fest. Dësen dueblen Upassungsmechanismus, dee keen anert Land an däer absoluter Form huet, stellt kee mëttel- a laangfristege Finanzéierungsproblem duer. Dofir schléisst d’Regirung eng allgeméng Strukturreform vun de Renten am Privatsecteur aus. Eng Upassung vun de Renten aus dem Privatsecteur un de Pensiounsniveau vum Iwwergangsregime aus dem öffentleche Secteur as liicht ze verspriechen, mee mëttel- a laangfristeg net ze bezuelen. Dat nämlecht gëllt fir d’Revendikatioune vun der sougenannter gewerkschaftlecher Renteplatform. Mir hu kee Recht, d’Reserve vun de Pensiounskeesen zu Laaschte vun de nokommende Generatiounen auszereiberen. Mee mir hun awer d’Flicht, déi Adaptatiounen an eiser Rentelandschaft virzehuelen déi mëttel- a laangfristeg finanziell vertriedbar sin. Dat wäerte mer och maachen. Dat wäerte mer och maache fir déi sougenannten Hongerrenten, souwäit wéi se net duerch eegent Verschëlden entstan sin, ze erhéigen. Deen ufalende Käschtepunkt muss allerdings vum Staatsbudget an net vun de Renteregimer gedroe gin. Ier mer dat awer maache kënnen, warde mer d’Resultater vun enger och vun internationalen Experten duerchgefouerter Etude iwwert d’Verstärkung vun der Kapitaliséierungsdimensioun vun eise Renteregimer of. An dës Expertise soll eis ebenfalls Renseignementer iwwert eng besser Placementspolitik vun de Pensiounsreserve gin a méiglech alternativ Finanzéierungsweër vum Rentewiesen opzeechnen. Haut steet awer scho fest : - An dëser Legislaturperiod gin d’Renten iwwert de Wee vu Kotisatioune finanzéiert, Kotisatiounen déi och net an deene nächste 5 Joer klamme wäerten. Et kënnt net zu enger Ëmgestaltung vun der Finanzéierung vun eise Renten am Laf vun dëser Legislaturperiod. - Fir de Rendement vun de Reserven ze steigere kënnt et net a Fro, sech an enger irresponsabler Art a Weis a spekulative Schnellschëss ze probéieren. - D’Zousazpensiounen am Privatsecteur gin net op d’Käschte vum legale Rentesystem favoriséiert. Allenfalls kënnt eng méi staark steierlech Favoriséierung a Fro. Déi as allerdings ofhängeg vun der allgemenger Steierpolitik a géif, wa se kënnt, a béide Regimer zur Uwendung kommen. Alles an allem : a Saache Renten as dat läscht Wuert nach net geschwat, mee et gëtt keen neit Kapitel geschriwwen. D’Flegeversëcherung hirersäits gëtt an hirer progressiver Uwendung regelméisseg evaluéiert a wa sech Detailmodifikatiounen opdränge gi se virgeholl. D’Gespréicher mat de Sozialpartner iwwert eng nei Regelung vun den Invalidepensioune gi viru gefouert an déi iwwert d’Unfallversëcherung op Grond vum Avis vum Wirtschafts- a Sozialrot opgeholl. Wat d’Krankeversëcherung ubelaangt, sou mussen d’Sozialpartner an d’Regirung sech am Kader vun der Quadripartite mat dem Behiewe vun dem haut schon erkennbare Krankekeesendefizit beschäftegen. De Staat huet keng Vokatioun dësen Defizit aus staatleche Mëttelen eraus ze decken. D’Kotisatiounserhéigunge fannen och net d’Faveure vun der Regirung déi ansonsten eng Modifikatioun vun der Stëmmgewichtung um Niveau vun der Generalversammlung vun de Krankekeese virschloe wäert. D’Konsequenzen aus dem Arrêt Decker-Kohll gin no Gespréich mat alle Betraffene gezun. Dat gëtt keng einfach Saach. 1036 Den aktive Sozialstaat muss selbstverständlech fir d’éischt do agräife wou d’Nout am gréissten an d’Schicksal besonnesch haart sin. Dofir wëllt d’Regirung sëcherstellen, datt eis behënnert Matbierger hir finanziell Autonomie garantéiert kréien. Fir déi Handikapéiert, déi hire Liewensënnerhalt net duerch Aarbecht bestreide kënnen, schafe mer en Akommes an der Héicht vum Mindestakommes, ouni datt dës Persounen allerdings all Konditioune vun der RMGGesetzgebung erfëlle mussen. Fir déi Handikapéiert, déi an den Ateliers protégés schaffen, gëtt ee Remuneratiounsschema opgestallt deen hinnen ee richtege Revenu assuréiert. Selbstverständlech respektéiert déi nei Regirung den Engagement vun hirer Virgängerin fir all Joer 50 Aarbechtsplaze fir Handikapéierter am öffentleche Secteur zur Verfügung ze stellen. Besonnesch Opmierksamkeet wäert d’Regirung de Kanner an Nout zoukomme loossen. Mir verbesseren d’Opfangstrukture fir si. Am Kader vun de staatleche sozio-edukativen Zentren gëtt eng Sëcherheetsunitéit fir Mannerjähreger gebaut an d’Personal vun den Zentre vun Dräibuer a Schrasseg gëtt opgestockt. Mir iwwerpréife genauestens, ob d’Flegebetter felen a falls dat sollt de Fall sin, brénge mer ee Programm zur Behiewung vun deem festgestallten Engpass op de Wee. Mir féieren ee Flegeurlaub ouni Pei fir déi Leit an, déi ee Familljemember um läschte Wee begleden. De Familljeministère fiert virun, d’Netz vu Crèchen, vu Schoulkantinen a vu « Foyers de jour » auszebauen. D’Zuel vun de Plazen an de Foyersen gëtt ëm 1000 Stéck erhéicht. Heiandsdo gëtt d’Politik den Androck wéi wa se nëmmen en A hätt fir Fraen déi beruffstäteg sin. Dësen Androck as falsch. Mir wellen d’Frae net a Kategorien andeelen : och déi Fraen déi am Stoot schaffen, schaffe vill. Am Kader vun de Rentenadaptatiounen gin, no gesetzlecher Neiregelung, 7 Erzéihungsjore pro Kand ugerechent. De System vun de Baby-Jore gëtt ausgebaut. Souwuel am Privat- wéi am öffentleche Secteur gëtt de Rentesplitting agefouert. Mir maachen – och fir dësen Debat ze objektivéieren – eng vergläichend Etude déi eis soll Opschloss gin iwwert déi effektiv Sozialtransfertsituatioun vun de beruffstätege Koppelen an de Koppelen wou ee Partner doheem as. Wat de konventionéierte Secteur ubelaangt – net nëmmen am Beräich vum Familljeministère –, sou welle mer hei een Evaluatiounsgrupp asetzen, deen dee Secteur duerchliichte soll fir « doubles emplois » ze detektéieren a méiglech Synergien an aner Regroupementer ze envisagéieren. Dës Aarbecht soll no e puer Méint ofgeschloss sin fir eis ze erlaben, deen zukünftege Perimeter vum konventionéierte Secteur festleën ze kënnen. D’Remuneratioun am konventionéierte Secteur soll global déi Finanzenveloppe net depasséieren, déi de Staat a sengem eegene Beräich fir déi selwecht Aarbecht a Leeschtung bereet hale misst. Hei bleiwt et bei de Festleungen aus dem ASFT-Gesetz. Den aktiven a responsable Sozialstaat muss och do wierksam gin, wou een en a priori net erwaart, nämlech an der Steierpolitik. Déi Leit déi wéineg verdingen, bezuelen zu Lëtzebuerg keng oder wéineg Steieren. Dat bleiwt esou. Den Agankssteiersaz bleiwt mat 6 Prozent deen niddregsten an Europa. Sozialgerechtegkeet an ze héich Steiere fir déi kléng Leit verdroe sech net. Dofir wäert aus der Kombinatioun vun erliichterter Steier an erhéichtem Kannergeld eng besser Situatioun fir Famillje mat Kanner erwuessen. De Steiertarif dee mer elo hun, as grosso modo leeschtungsfrëndlech. E gëtt ët nach méi, well mer am Kader vun enger allgeménger Steiererliichterung eng weider strukturell Tarifreform virhuele wäerten déi iwwert eng reng inflatiounsbedingten Tarifberengegung eraus goe wäert. Hire genauen Emfang hängt vun der Finanzsituatioun vum Staat a vun de Konklusiounen of déi mer aus enger Effikazitéitsetude iwwer all tariflech an aussertariflech Abattementen zéien déi op hiren effektive Lenkungscharakter hin iwwerpréift gin. Verléiert deen duerch d’Abattementen bedingten Entlaaschtungsvolume u Gewicht, sou gëtt dee Gewichtsverloscht iwwert d’Tarifreform ausgeglach. Kommen nei Abattementen bäi oder gi bestehender erhéicht, sou fällt d’Tarifreform manner breet aus. Egal wéi : d’Steiere klammen net, vum Joer 2002 un huele se däitlech of. De Spëtzesteiersaz fällt. Den Duerchschnëttssteiersaz och. Bis zur Festleung vun enger neier Tarifstruktur, déi sech jo aus der Auswäertung vun der Gesamtetude iwwert d’Abattementen ergëtt, gëtt d’Steiermoderatioun fir Kanner op hirem aktuellen Niveau festgeschriwwen. Déi indirekt Steieren zu Lëtzebuerg bleiwen och an deenen nächste 5 Joer déi niddregst an Europa. Dat gëllt och fir de Fall vun enger weiderer Harmoniséierungsronn vun den indirekte Steieren an Europa. Fir eng oppen a partizipativ Gesellschaft Mir wëllen Eist derzou bäidroen, fir datt eis Gesellschaft sech méi opmécht fir déi, déi sech vun hir net richteg akzeptéiert spieren, wéinst hirer Art a Weis ze sin oder sech ze behuelen, wéinst der objektiv oder individuell begrënnten Onméiglechkeet, hir Problemer an de Grëff ze kréien an hirt Liewen an d’Hand ze huelen. Mir wëllen eis Gesellschaft esou tolerant wéi méiglech gestalten, ouni widdersprëchlech Sensibilitéiten, déi ëmmer hiren eegene Wäert hun, ze heurtéieren. Mir hätte gären datt eis Gesellschaft méi partizipativ gëtt, datt an hir alleguer déi, déi wëlle mat maachen och mat schwätzen a mat entschede kënnen. Net all, mee vill net-Lëtzebuerger déi bei eis wunnen a liewen, giffe gäere méi a méi séier mat maachen. Anstatt eng Debatte iwwert duebel Nationalitéit lasszetrieden, déi mer eis aus ville Grënn erspuere sollten, wëlle mer d’Konditioune fir Lëtzebuerger ze gin erliichteren. D’obligatoresch Residenzdauer gëtt vun 10 op 5 Joer erof gesat, d’Regele vun der Naturalisatioun a vun der Optioun gin harmoniséiert, déi zwou Forme fir Lëtzebuerger ze gin wäerten net méi mat Käschte verbonne sin. 1037 Mir maachen den net-Lëtzebuerger den Zougank zur Arméi op, quitte datt se virun dem Enn vun hirer Militärzäit eis Nationalitéit mussen unhuelen. D’Gesetz iwwert d’Asylprozedur gëtt am Respekt vun der Genfer Konventioun vun 1951 reforméiert fir d’Delaien, déi mat engem Antrag op Asyl zesummenhänken ze verkierzen. Mir féieren een Iwwerganksstatut fir Krichs- a fir Biergerkrichsflüchtlingen an. Eng konsultativ Mënscherechtskommissioun gëtt beim Staatsminister ageriicht. Si soll d’Korrespondenz– a Referenzinstitutioun fir analog Organismen am Ausland sin. Si schafft onofhängeg vun der Regirung, ka sech selwer befaassen oder vun der Chamber an der Regirung befaasst gin. Si soll den Attachement vun eisem Land zu den onveräusserlechen universelle Mënscherechter no baussen an no bannen dokumentéieren. Mir kënnen de Kapp sou déif an de Sand stieche wéi mer wellen : mir hun ee substantiellen Drogeproblem zu Lëtzebuerg. Mir kënnen deen net léisen : dat géif d’Kapazitéit vum Staat depasséieren. Mee mir kënnen en erliichteren, enkadréieren an offiederen. Andeem mer hëllefen, mental a vun der Astellung hir, doduerch datt mer déi Drogéiert als Kranker an net als Gesetzesbriecher ukucken an eist Gesetz bis hin zur Ofännerung vun de Stroofmoossen ofänneren. Konkret doduerch, datt mer méi Therapieplazen heiheem schaaffen, den Zougank zu Therapieplazen am Ausland erliichteren, Infrastrukture schaaffe wou mer ënner medizinescher Opsiicht Heroin u schwéier Ofhängeger organiséiren, fir esou och d’Beschaaffungskriminalitéit anzedämmen, d’Methadonprogrammer ausbauen, d’Berodungsplaze fir d’Eltere vun drogenofhängege Kanner a Jugendlechen bereet stellen, Präventiouns- an Opklärungskampagnen systematiséieren. Eng reng national Legaliséierung vun den doucen Drogen kënnt net a Fro. Hei brauche mer europäesch Usätz a Léisungen. Mir wëllen de Kranken hëllefen, mee keen onkalkuléierbaren Drogentourismus mat all sénge Konsequenzen inszenéieren. Drogenofhängeger si krank, dacks schwéier krank. Aner Leit aus eiser Mëtt sin esou onheelbar krank, datt se dem Doud all Dag an d’Ae kucken. Wéi mat hinnen, mat hiren Ängschten, mat hire stëllen Hoffnungen ëmgoen ? D’Äntwert as net einfach an eegent sech net fir de Parteiesträit. Mir wëlle Palliativ-Statiounen op méi Plaze wéi haut ubidden. Mir lehnen déi iwwert de Gesetzeswee erméiglecht aktiv Euthanasie of, well mer fäerten déi läscht Konsequenze vun esou engem Schrëtt net maîtriséieren ze kënnen. Mir si fir Therapiefräiheet, fir d’Ariichte vu fakultativen ethesche Komiteën an de Spideler, mir si géint den therapeuteschen Acharnement a fir ee respektvollen Ëmgang mat den definitive Froe vum Liewen. Mee mir mengen, eis aktuell Gesetzgebung géif duergoe fir all Froen, och déi vun der penaler Responsabilitéit vum Dokter, zefriddestellend ze beäntwerten. Aner fundamental Froen an déi bei wäitem net déi Dramatik hu wéi déi déi ech elo grad beschwat hun, verlaangen no enger Äntwert well se an den Ae vu villen d’Grondsäz vun eisem Zesummeliewe tangéieren. Ech schwätze vun der Unerkennung vu Kulten a vu Reliounen déi an eisem Land doheem sin ouni zu deem Kulturraum ze gehéieren deen eis iwwert Joerhonnerte forméiert huet. Eenzelner vun hinne musse mer unerkennen. Hinne Rechter gin, hinne awer och Flichten operleën. Si si bei eis wëllkomm, well mer Toleranz an allem och am Spirituell-reliéisen übe wëllen a kennen. Si si wëllkomm, mee si mussen eis Fräiheeten, eis Fassong ze sin, ze gleewen oder net ze gleewen, mateneen ze liewen oder ze sin, respektéieren. Eis Fassong ze liewen, zesummen ze liewen, huet sech staark verännert. Mir bleiwen der Opfaassung, datt d’Bestiednis eent vun den Elementer vun eiser Gesellschaft a vun eisem zivile Recht as. Dofir muss d'Gesetz och weiderhin den institutionnelle Mariage schützen. Mee vill Koppele wielen eng aner Form vu Liewensgemeinschaft. Dëse Choix verdingt Respekt. Awer aus dësem Choix erwuessen eng Rei vu sozialen a vu wirtschaftleche Schwiregkeeten, déi mer musse léisen. D’Regirung méngt, datt d’Aféierung vun engem sougenannte « Mariage bis » net all dës Problemer léist, méi Problemer schaaft a vill Koppelen trotzdem ouni Rechter géif loossen. Dofir kënnt si zur Konklusioun, datt een déi praktesch Problemer a Froen déi sech stellen duerch punktuell gutt zibléiert gesetzlech Regelunge soll léisen. Dës Léisunge solle sech op d’Notioun vun der « communauté domestique » grënden a si betreffe virun allem d’Pensiounsrecht, d’Krankekeeserecht, d’Onfallversëcherung, d’Eegentumsrecht an d’Ierfschaftsrecht. Déi Léisungen, déi fonnt gin, mussen Uwendung fannen net nëmmen op Koppele vu Mann a Fra, mee och op homosexuell Koppelen an aner Communautéiten wéi zum Beispill Fratrien. Ech hu gesot, mir bräichten eng méi partizipativ Gesellschaft. Dofir hu mer decidéiert, am Fall wou mer zu enger grousser Verfassungsrevisioun kéimen, dës zum Referendum ze stellen. Eng fundamental a breet Verfassungsrevisioun déi jo ee Joerhonnertwierk wier, brauch déi direkt Zoustëmmung duerch de Vollekssouverän. Dofir hu mer decidéiert, der Chamber virzeschloen, ee Gesetz ze stëmmen, dat 10.000 ageschriwwene Wieler d’Recht gëtt, dem Parlament eng « proposition de loi » en bonne et due forme zouzeleeden. Mat dëser « proposition de loi » musse sech d’Chamber, de Conseil d’Etat an déi zoustänneg Beruffschambren befaassen. Froe 50.000 ageschriwwe Wieler ee Referendum iwwert eng däerarteg « proposition de loi », esou muss dëse Referendum stattfannen. Wann ee groussen Deel vum Vollek sech esou tëscht de Walen wëllt Gehéier verschaaffen da muss d’ganzt Vollek gehéiert gin. D’Chamber weess dann wou se mam Vollek drun as. D’Regirung wäert d’Chamber bei der Reform vun hirem Petitiounsrecht ënnerstëtzen. Mir schloen d’Asetze vun engem Ombudsmann beim Parlament vir, engem Biergerbeoptragten deen d’Doleance vum Bierger am Ëmgank mat der Verwaltung analyséiert, d’Schwiregkeete begradegt an d’Parlament mat Reformvirschléi befaasst. Net manner wichteg 1038 as d’Schafe vun ähnlech orientéierte Schoulbeoptragten an alle Schoulgebäier, déi d’Uspriechpartner vun de Schüler, den Elteren an den Enseignanten solle gin. Zu enger toleranter a partizipativer Demokratie gehéiert och den Ausbau vun der materieller staatlecher Hëllef un d’Privatschoulen. Dësen Ausbau ännert näischt un dem Attachement vun der Regirung un der öffentlecher Schoul, an däer hirem Secondaire d’Méiglechkeet vun der Dispens ofgeschaaft an d’Ustrengungen am Beräich vun der « formation morale et sociale » vergréissert gin. Eng méi partizipativ Demokratie muss och de Wee vum Eenzelnen, och vum wirtschaftlech Schwaachen, zu enger eegener Wunnéng méiglech maachen. Wunnen as een demokratescht Grondrecht. D’Regirung schafft een 8. Plang iwwert d’ « constructions d’ensemble » aus an ënnerstëtzt d’Zurverfügungstellung vu méi Mietwunnengen. Matmaachen an der Gesellschaft : dat betrëfft och d’Art a Weis, wéi mer Deler vun eisem sozialen Zesummeliewen an domat vun eisem sozialen Zesummenhalt regléieren an enkadréieren. D’Tripartite, de Matenee vu Sozialpartner a Regirung huet sech bewährt. Si däerf d’Chamber bei hirer Meenungsan Decisiounsbildung net ersetzen an net ausschalten, as awer ee wäertvollt Instrument vum soziale Konsens, un deem d’Regirung festhällt. Eisem Land geet et och gutt, well mer responsabel Sozialpartner hun. Si mussen hiert Gewiicht kënnen an déi staatlech Decisiounen abréngen. Och d’Matsproochrecht vun deene Leit déi an eise Betriber schaffen, muss gestärkt an erweidert gin. Mir hun ee Gesetz iwwert Konsultatiounsmechanismen am Fall vum Outsourcing wëlles, gin de Personalvertrieder méi Rechter wat d’Sëcherheet an den Ëmweltschutz am Betrib ubelaangt, vergréisseren hir Zoustännegkeet an de Froen vun der Weiterbildung, setzen de passive Walalter fir d’Sozialwalen an iwwregens och fir d’Landeswalen op 18 Joer erof a finaliséieren d’Gesetz iwwert den europäesche Betribsrot. D’Matbestëmmungsgesetz gëtt un déi neiesten Entwécklungen ugepasst. Eng méi oppen a partizipativ Gesellschaft verlaangt, datt mer jiddfereen dee wëllt a kann – ouni datt dem Staat doraus finanziell Obligatioune resultéieren – den Zougank zu den neie Medien an hiren och lokale Kommunikatiounsméiglechkeeten opmaachen. D’Informatiounsgesellschaft am Grousse bleiwt een eidle Wonsch, wann d’Informatiounsgesellschaft am klenge verbarrikadéiert gët. D’Mediegesetz vun 1991 gët reforméiert. Ouni Press fënnt d’Partizipatioun an der Gesellschaft net richteg statt. Dofir brauche mer ee neit Pressegesetz, wat ënner anerëm de Quellen- an Informatiounsschutz an den Zougank zu öffentlechen Dokumenter regelt. Eng staark Wirtschaft am Dingscht vum Mënsch Ech hu virun e puer Minutten iwwert d’Méiglechkeeten an d’Grenze vum aktive Sozialstaat geschwat. De Sozialstaat, besonnesch den aktiven, kann awer nëmmen da stattfannen, wann d’Wirtschaft an hire Wuestum seng Entwécklung méiglech maachen. D’Wirtschaft as kee Selbstzweck. Si steet am Dingscht vum Mënsch, vu sengem materielle Weiderkommen a läschten Enns vu senger sozialer Gerechtegkeet. D’Europäesch Wirtschafts- a Währungsunioun mëcht et noutwendeg, datt mer d’Präisstabilitéit secher stellen. Wann d’Präisstabilitéit agehal gëtt – an dat gëtt se an Europa an heiheem – da stellt d’automatesch Indexéierung vun de Léin an de Gehälter keng onzoumutbar Belaaschtung fir d’Betriber duer. D’Regirung hällt un dësem akommespoliteschen Instrument, dat esouwuel d’Kafkraaft wéi de soziale Fridden erhält, fest. Ouni weider d’Wirtschaftswuestum komme mer net aus. D’Gesamtpolitik vun der Regirung wäert op deene verschiddenste Pläng déi wirtschaftlech Entwécklung ze stimuléiere probéieren. Mir wëllen net dat blannt Wirtschaftswuestum ëm all Präis. Mir si keng Wuestums- a PIB-Fetischisten. Mir wëllen e qualitativt Wirtschaftswuestum, dat d’Ëmwelt schount an d’nohalteg Entwécklung stäipt. Léiwer e bësse manner Wuestum mee e qualitativ gudde Wuestum, wéi en onbegrenzte Wuestum mat héige Reparaturkäschten. Mir setzen op nei Technologien, besonnesch op d’Ëmwelttechnologien fir deenen hir Implantatioun Lëtzebuerg eng éischt Adress wëllt gin. Mir setzen op Forschung an Entwécklung, däer hir Mëttelen mer vun haut 0,1 op 0,3 Prozent vun eisem Bruttoinlandprodukt erhéige wëllen. Mir setzen op Innovatioun, op den Ausbau vum Mediestanduert an op eng weider Muskléierung vun der Informationsindustrie. Mir brauche séier ee Gesetz iwwert den elektroneschen Handel, ee méi liichten Zougank vu Betribsgrënner zu adäquatem Startkapital, eng allgeméng Erliichterung vun den Accès-Konditiounen zum Risikokapital virun allem um Niveau vun de kléngen a mëttlere Betriber. Niddreg Lounniewekäschte sin ee Kompetitivitéitsatout, dee mer mussen erhalen. Mee nei Wettbewerbsvirspréng mussen de Bouquet vun eise komparativen Avantagen vergréisseren. D’Regirung as fest gewëllt, déi duerchschnëttlech effektiv Steierbelaaschtung vun de Betriber vun haut 37,5 Prozent op däitlech manner wéi 35 Prozent ofzesenken. D’Steierbonifikatioun fir Investissementer gët moderniséiert. Mir hun eis virgeholl d’Gewerbesteier ofzeschaaffen. Si gëtt duerch een anere Steiermechanismus ersat deen de Gemengen zegutt komme soll an dee si inzitéiere soll wirtschaftlech Aktivitéiten op hirem Territoire unzesidelen. Dat soll an enker Concertatioun mat de Gemenge geschéien, deenen hir Finanzautonomie garantéiert muss bleiwen. Eventuell Steierausfäll musse proportionnell an equilibréiert tëschent dem Staat an de Gemengen opgedeelt gin. D’Regirung wäert hir Ustrengunge verstäerken fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg ofzesëcheren. Dat maache mer duerch d’Verbrederung vun hirer Produktpallette. Dat maache mer duerch d’Ofwiere vun all Versuch, eist Bankgeheimnis auszehillegen. Dat maache mer doduerch, datt mer eng finanzplazschounend Kapitalbesteierungsregel an der Europäescher Unioun verhandelen. 1039 Mir engagéieren eng Reflexioun iwwert d’Opportunitéit vun der Opdelung vun den Post- an Telekommunikatiounsaktivitéiten an zwou getrennte Gesellschaften. Un dëse Gesellschafte solle sech strategesch gutt lokaliséiert Allianzpartner bedeelege kënnen. An alle Fäll gëtt de Staat de Referenzaktionär vun deene Gesellschaften. Déi legitim Interesse vum Personal gi gewahrt. Dës Reform, wa se kënnt, däerf dëm « service public », in spece dem « service universel », d’Been net ewech schloen. D’Steieren, d’Lounniewekäschten, performant Telekommunikatiounen, si wichteg Standuertfaktoren. Grad esou wichteg sin awer d’Infrastrukturen. Et wäert zu Lëtzebuerg bei engem héigen öffentlechen Investitiounsniveau bleiwen. D’Investitioune vun haut sin d’Viraussetzunge fir de Rendement vu mar. D’Mobilitéit as en anere Standuertfaktor, deen ëmmer méi wichteg gëtt. Mir brauche gutt Transportverbindunge mam Ausland. Stëchwierder sin hei den TGV-Est, d’Zuchverbindunge mat Bréissel a mat Däitschland. D’Offer un öffentlechen Transportmëttele muss optimiséiert gin, koordinéiert Organisatiounsstrukture fir den öffentleche Schinnen- a Stroossentransport mussen ageriicht gin, grad esou wéi eng Mobilitéitszentral. BTB-Etude gin ofgewart an da gin a voller Sachkenntnis déi néideg Decisioune geholl : mir brauche een interregionalt Nohverkéierskonzept dat mat de Gemengen net géint si muss realiséiert gin. Zur Wirtschaft gehéiert och, wéi d’Wuert et seet, d’Landwirtschaft. Hei muss d’Reglementatioun iwwert d’Mëllechquoten adaptéiert gin, woubäi der Positioun vum aktive Produzent besonnesch Rechnung gedroe muss gin. D’Agrargesetz gëtt geännert, d’landwirtschaftlech Beruffsausbildung duerch de Bau vun enger neier Ackerbauschoul facilitéiert. Grousse Wäert wäert op d’Qualitéit vun den Agrarprodukter geluecht gin. D’Qualitéitskontroll gëtt verbessert fir d’Ernährungssëcherheet ze garantéieren. D’Wäibaupolitik wäert den Akzent op d’Diversifizéierung vun de Qualitéitswäiner an op d’Förderung vun de Spëtzewäiner leën. Si wäert sech aktiv ëm eng Verbesserung vun der Marketing-Strategie bekëmmeren. Mir wëllen ee leeschtungsfähegen a moderne Staat Mir sin um Enn vun dësem Jorhonnert ukomm. Dat as deen idealen Zäitpunkt, fir op d’Entwécklung vum Staat an deene läschten 100 Joer zréckzekucken a fir sech séng Weiderentwécklung fir déi nächste Jorzéngte virzestellen. De Staat deen ëmmer méi nei Aufgabe bäikritt, kann net onbegrenzt wuessen. D’Fro as net : wéivill méi Staat brauche mer ? D’Fro as : wéi kréie mer e bessere Staat. E bessere Staat, dat as ee Staat deen no bei de Leit as. Dat as ee Staat, deen a séngem Funktionnement transparent as. D’Regirung wäert d’Staatsverwaltung net onnéideg erweiteren. Déi allgeméng Evolutioun vun den Effektiver wäert enger strikter Kontroll ënnerworf gin. D’Regirung fiert mat däer 1995 ugefangener Verwaltungsreform virun. Si wäert ee globale Bilan vun de Staerkten a vun de Schwächte vun der Verwaltung opstellen. D’Personal vum Staat, dat een héige Leeschtungsniveau huet, gët no moderne Methode geféiert. Déi administrativ Prozedure gi vereinfacht. Innerhalb vun der Verwaltung gëtt eng Organisatiounsfunktioun agefouert. Bierger a Verwaltungen musse méi no beienee réckelen : dofir schaaffe mer Biergerbureauen um regionale Niveau, dofir iwwerkucke mer d’Öffnungszäite vun de Verwaltungen. D’Gesetz wäert déi klassesch Prinzipien vum Statut vum Staatsbeamte viru garantéieren. D’Onofhängegkeet, d’Neutralitéit an transparent Nominatiounsregele musse gesëchert bleiwen. De Statut vum Staatsbeamte gëtt moderniséiert ; d’Aarbechtszäit gëtt nei amenagéiert. D’Verwaltungschefe gi méi staark responsabiliséiert. Disziplinarprozedur gëtt reforméiert. Nei Forme vu verwaltungsinternem Dialog wäerten d’Motivatioun vum Staatsbeamte renforcéieren. Den Iwwergank vum Privatsecteur zum Staatsdingscht a vum Staatsdingscht zum Privatsecteur gëtt erliichtert. D’Reintegratioun vu Staatsbeamten déi ee Congé ouni Pei hate gëtt facilitéiert. Zu engem moderne Staat gehéiert eng Justiz déi zu him passt. Wéinst däer wuessender Zuel an der Komplexitéit vun den Affairen déi virun eis Gerichter gedroe gin engagéiert d’Regirung sech zu enger Rei vu Prozedurreformen. D’Justizpersonal gëtt verstärkt, fir esou de Bierger eng méi séier Justiz a vollem Respekt vun de Rechter vun der Défense ze garantéieren. D’Regirung wëllt déi nei Regele vun der « mise en état » op Handelsaffairen ausweiden. Si wëllt ebenfalls d’Kompetenze vum « juge unique » a Stroof-, Zivil- an Handelsaffairen verbrederen. Si wëllt ee « juge de l’exécution » asetzen, deen doduerch datt en d’Schwieregkeete vun den Exekutiounsmoossnamen aus dem Feld raumt, d’Geriichter entlaascht. D’Regirung wäert supplementar Untersuchungsrichteren an deementspriechend hinnen zougeuerdnete Fonctionnairen am « cabinet d’instruction » zu Lëtzebuerg astellen, fir esou a Saachen Banque-routen, « faillites frauduleuses », nationalen an internationalen Strofaffaire méi séier vun der Plaz ze kommen. De Parquet vu Lëtzebuerg kritt supplementar Personal. D’Beziirksgeriicht zu Lëtzebuerg kritt eng supplementar Handelskummer bäi fir esou déi Affairen, déi duerch d’Explosioun vun den Aktivitéite vun der Finanzplaz bäikomm sin, besser kënne meeschter ze gin. 1040 De «Service central d’assistance sociale » gëtt personalméisseg ausgebaut. D’Mediatioun an den Arbitrage gin als alternativ Konfliktregelungsinstrumenter encouragéiert. Et gët ee Kader geschaaft, deen aus Lëtzebuerg een internationalen Arbitragezentrum soll maachen. Fir d’Prozeduren ze allégéieren an ze moderniséieren, besonnesch d’Scheedungsprozeduren, wäert d’Regirung a Konzertatioun mat de Magistraten an den Avekoten d'Geriichtsprozeduren enger Gesamtiwwerpréifung ënnerwerfen. D’Regirung wëllt d’Rechter vun den Affer vu Verbriechen verstärken. Eng grouss Wichtegkeet kënnt heibäi der juristescher Assistenz an der materieller a psychologescher Begledung vun de Strofaffer zou. Den neie Prisong zu Schrasseg gët esou organiséiert, datt een d’Untersuchungshäftlingen an déi kondamnéiert Prisonnéier besser vunenee kann trennen. D’Programmer iwwer allgeméng nëtzlech Aarbechten als Alternativstrof zu de Prisongsstrofe gin ausgebaut. De moderne Staat muss et fäerdeg brengen, fir d’Sëcherheet vu sénge Bierger ze garantéieren. D’Regirung wäert kéng Ustrengung ënnerloosse fir d’Recht op Sëcherheet zu enger Realitéit fir jiddferee gin ze loossen. Déi total Sëcherheet kënne mer allerdings net garantéieren. D’Gesetz iwwert d’Fusioun vu Police a Gendarmerie gëtt progressiv ëmgesat. Mir hun decidéiert, de Rekrutement vu Polizisten ze akzeleréieren. D’Applikatioun vum Fusiounsgesetz gëtt am Detail suivéiert. Sollte sech gesetzlech Modifikatiounen imposéieren, sou gëtt d’Fusiounsgesetz punktuell ofgeännert. D’Regirung wäert derfir suergen, datt d’Buergermeeschteren déi adäquat Mëttelen an d’Hand kréien, fir hir Polizeiattributiounen effektiv kënnen auszeféieren. Zu deem Zweck kréien déi sougenannten « agents municipaux » ee Statut, deen hinnen et soll erlaaben, d’Applikatioun vun de Gemengereglementer effektiv ze kontrolléieren. Staat a Gemengen mussen zu engem bessere Matenee fannen. Dofir wëllt d’Regirung zesumme mat de Gemengen eng breet gestreeten Diskussioun iwwert d’Opdeele vun de Kompetenzen an de Responsabilitéiten tëscht Staat a Gemenge féieren. Zu engem moderne Staat gehéiert och eng fortschrëttlech Gesondheetspolitik. D’Spidolsinfrastruktur soll performant sin a kohärent funktionéieren. Fir kënnen déi grouss Linne vun dem nächste Spidolsplang festzehalen an déi noutwendeg Investissementer zu sénger Realiséierung ze decidéieren huet d’Regirung sech fir ee Moratoire an dësem Beräich ausgeschwat dee sech bis un d’Enn vum Joer 2000 erstreckt. Den neie Spidolsplang deen op enger aktualiséierter « carte sanitaire » fousst, wäert de quantitative Besoinsen, de qualitativen Elementer an den Effizienzufuerderunge vu bestehenden an neie Strukture Rechnung droen. Den Equiliber tëscht dem sougenannten öffentlechen an dem private Secteur gëtt bäibehalen. D’Zuel vun den akute Better gëtt reduzéiert. D’Regirung wäert näischt onversicht loossen, fir Synergien an efficace Zesummenaarbechtsweisen tëscht de verschiddene Spideler a Servicer erbäizeféieren. Déi Investissementer déi duerch den neie Spidolsplang méiglech gin, däerfen déi Finanzenveloppe déi fir dee viirleiende Spidolsplang fixéiert gin as, net depasséieren. Déi haut schon autoriséiert Investissementsprojeten a selbstverständlech déi Investissementer déi amgaang si gemaach ze gin, falen net ënnert de Moratoire. D’Regirung engagéiert sech, esou séier wéi méiglech een neie Gesondheetslaboratoire bauen ze loossen. Seng Missiounen a seng Struktur gi redefinéiert. De « Laboratoire national de santé » soll een internationalt Referenzinstitut gin. D’Regirung wäert d’Präventivmedezin engem genauen Examen ënnerwerfen. Si soll méi efficace a flächendeckend gin. Eng gutt Präventivmedezin as ee wiesentlecht Element, fir laangfristeg d’Käschtenexplosioun am Gesondheetsberäich an de Grëff ze kréien. De moderne Staat muss duerfir suergen, datt déi jonk Generatiounen optimal op d’Zukunft viirbreet gin. Dat as virun allem d’Aufgab vun der Schoul. D’Regirung wëllt géint de schoulesche Mësserfolleg kämpfen, wëllt d’Qualitéit vum Enseignement renforcéieren an d’berufflech Qualifikatioun vun de Jonke verbesseren. D’Fréiherzéiung, dat heescht « d’éducation précoce » op fräiwëlleger Basis, an d’Spillschoul sin d’Basis fir eng Schoul vun der Integratioun. Dës Integratioun muss an d’Primärschoul era verlängert gin. D’Alphabetiséierung op franséisch, mat dem Léiere vun Däitsch als Friemsprooch, probéiere mer a Form vu Pilotprojeten. D’Sprooch aleng däerf keen absolute Selektiounsmechanismus an eisem Schoulwiese sin. Weider Pilotexperienze sollen d’Virdeeler vu pluriannuelle Primärschoulzyklen testen. D’Regirung setzt d’Integratiounspolitik fir déi handikapéiert Schüler virun. D’Schoulgesetz vu 1912 gëtt adaptéiert. D’Kompetenze vun de Schoulkommissioune gi redefinéiert a sollen eng adäquat Vertriedung vum Lehrpersonal a vun den Elteren, - déi an Zukunft solle gewielt gin - garantéieren. Op fräiwëlleger Basis kann an de Gemengen een Haaptresponsable pro Schoulgebei agesaat gin, deen d’Aktivitéite vum Schoulgebei koordinéiert, an deen den Uspriechpartner as vun den Enseignanten, vun den Elteren, vun de Schüler a vun de Gemengenautoritéiten. 1041 D’Regirung féiert eng large Konzertatioun iwert d’Aféierung vun neie Schoulrythmen duerch. D’ « Journée continue », de fräie Samschdeg, d’Schoulvakanzen an aner Aspekter gin an deem Konzertatiounskader beliicht. D’Regirung wäert e groussen Effort ënnerhuelen, fir qualifizéiert Personal a genügend grousser Zuel ze engagéieren. Mee souvill Enseignanten wéi mer der bräichten, fanne mer der net. D’Edukatiounsministesch wäert intensiv Gespréicher mat alle Concernéierten iwwert dës Problematik féieren. Nei regional Schoulpole wäerten déi schoulesch Infrastruktur kompletéieren. Eng absolut Prioritéit genéisst de Bau vun zwee weidere Lycéeën. D’Lycéeë wäerte iwwert eng méi grouss Autonomie verfügen. Déi Reformen déi am Sekundarunterricht duerchgefouert gi sin, gin evaluéiert a wann et muss sin, adaptéiert. D’Schoulprogrammer gin enger kritischer Analyse ënnerworf. D’Funktiounsweis vun den nationale Programmkommissioune gëtt iwwerkuckt. D’Evaluatiouns- an d’Promotiounskritère gin am Liicht vun de gesammelten Experienzen analyséiert. D’Schüler déi den Ofschlossexamen net gepackt hun, sollen d’Méiglechkeet kréien, sech dem Examen an enger zweeter Sessioun nach eng Kéier kënnen ze stellen. D’ « Orientation scolaire » gëtt reorganiséiert. D’SPOS-en gin un d’Schouldirektioune rattachéiert. D’Kooperatioun tëscht der Schoul an der Wirtschaft gëtt intensivéiert. D’Erwuessenenausbildung gëtt ausgebaut. D’Schoul vun der 2. Chance soll Realitéit gin. Dem « Enseignement Supérieur » kënnt eng ëmmer méi grouss Bedeitung zou. Mir wëlle keng vollëmfänglech Universitéit zu Lëtzebuerg. Eng däerarteg Ambitioun géif eis Méiglechkeeten depasséieren. Ausserdem deet et de jonke Lëtzebuerger gutt, e puer Joer vun hirem Liewen am Ausland ze verbréngen. Um « Centre Universitaire » kommen nei Enseignementer bäi, besonnesch um Niveau vum zweete Joer vum éischten Zyklus. Den Haaptakzent awer gëtt op de post-universitaire Beräich, den drëtten Zyklus also, geluecht. Do wou mer staark sin an eng gutt Reputatioun hun, wëlle mer nei akademesch Offerten ubidden, déi renoméiert auslännesch Professeren a Studenten vun dobaussen an heiheem unzéien. An der Bank- a Finanzwëssenschaft, am Beräich vun de Medien a vum communautaire Contentieux hu mer déi Startreputatioun déi mer brauchen. Studente maachen eis Stat méi flott an d’Héichschoul mècht se méi interessant. Ouni Kultur as kee Staat ze maachen. Duerfir huet d’Kulturpolitik an den Ae vun der Regirung een héige Wäert. D’Kulturministesch wäert d’Gesetz iwwert de Statut vum Artist ëmsetzen. 1 Prozent vum Finanzvolume vun den öffentleche Bauten gëtt fir Konschtwierker reservéiert. D’Regirung wäert d’Gesetz vum 28. Dezember 1988 iwwert d’Kulturinstituter aktualiséieren. D’Zielsetzung as et fir ee besseren Accès vun Allen zur Kultur méiglech ze maachen. Mir bauen ee Concertssall mat 1.500 Plazen um Kiirchbierg. De Projet vum neie « Centre national de l’audiovisuel » zesumme mat engem regionale Kulturzentrum an enger regionaler Muséksschoul zu Diddeléng gëtt realiséiert. Et as de Wonsch vun der Regirung, d’CFL-Rotonden zu Bouneweg enger kultureller Vokatioun zouzeféieren. Dat soll geschéien am Kader vun engem Gesamturbaniséierungskonzept, deen zesumme mat der Stat Lëtzebuerg auszeschaffen as. D’Regirung féiert déi dezentraliséiert Kulturpolitik weider. Si hëlleft bei der Finanzéierung vu regionale Kulturzentren. D’Regirung léisst ee Referenzbuch iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht ausschaffen. Si denkt desweideren un eng permanent Ausstellung iwwert d’Lëtzebuerger Geschicht. Am Kader vun der « Agence luxembourgeoise d’action culturelle » gëtt ee kulturelle Programmatiounsservice op Bee gestallt, dee fir eng besser Koordinatioun vun de kulturelle Manifestatiounen hei am Land soll suergen. D’Regirung studéiert nei Interventiounsmechanismen vum nationale Kulturfong, fir de Mäzenat ze promovéieren. D’Politik vun de bilaterale Kulturakkorde gëtt viru gefouert. Nohalteg Entwécklung steet iwwert allem. De Prinzip vun der nohalteger Entwécklung wäert d’Schrëtt vun der Regirung an alle Politikberäicher leeden. Dat as virun allem wouer am Beräich vun der Ëmweltpolitik. Mee net nëmmen do. Am Beräich vun der Ëmweltpolitik wäert d’Regirung de Reduktiounsplang fir CO2-Emissioune finaliséieren. Dëse Reduktiounsplang gëtt via ee pluriannuelle Programm ëmgesat. D’Regirung stellt ee Co-Financementssystem fir ONG’en op, déi am Beräich vum Ëmweltschutz täteg sin. Fir d’Wichtegkeet vum Ëmweltschutz ze ënnersträichen schléit d’Regirung vir, den Ëmweltschutz zu engem Verfassungsprinzip ze maachen. Allgemeng gëllt, datt d’Regirung op d’Präventioun setzt fir Reparatioun am Ëmweltberäich kënnen ze evitéieren. De Staat, wann e baut, wäert ekologesch einwandfrei Produkter zum Asaz bréngen, Wäert op Energiespueren an op de Gebrauch vun erneierbaren Energien leën. D’Regirung steet an Europa op der Säit vun deenen déi eng Ökologiséierung vun de Steieren ustriewen. Ëmwelts- 1042 teiere mussen awer ee kloer erkennbaren an iwwerpréifbare Lenkungseffekt hun. Si sin ee Lenkungs, kee Finanzéierungsinstrument. D’Aféiere vun europäesch decidéierten Ëmweltsteieren zu Lëtzebuerg däerf net eng Erhéigung vun der Gesamtsteierlaascht zur Folleg hun. Wat d’Ökologiséierung vun eisem eegene Steiersystem ubelaangt sou wellt d’Regirung eng Faisabilitéitsetude iwwert dee vum « Mouvement Ecologique » virgeschloenen Ökobonussystem duerchféiere loossen. D’Regirung ënnerstëtzt déi Betriber finanziell, déi Eco-Auditen duerchféieren. Si favoriséiert d’Verbrederung vun den Eco-Labelen. Zibléiert Hëllefsprogrammen gi geschaaft, fir de Betriber d’Aféierung vu modernsten ëmweltschounenden Technologien ze erlaben. D’Regirung studéiert d’Méiglechkeet fir de Prinzip vun der Ëmwelthaftung an eis Legislatioun anzeféieren. Gréngpläng vun de Gemengen gin an d’Legislatioun vun 1937 iwwert de kommunalen Amenagement integréiert. D’Regirung stellt een nationale Plang iwwer d’Gestioun vun den Dechêten fäerdeg. D’Eliminatioun vun dem Industrieoffall gëtt net an enger reng nationaler Optik examinéiert. Déi ugefange Verhandlunge mat Nopeschregioune gi viru gefouert. D’Landesplanungspolitik steet selbstverständlech ganz am Zeeche vun der nohalteger Entwécklung. Aus dem selwechte Beweggrond eraus optéiert d’Regirung fir eng integréiert Waasserpolitik. Mir schaaffen ee Waasserwirtschaftsamt. D’Kompetenze fir d’Waasserpolitik gin an den Hänn vum Innenminister konzentréiert. De Souci vun der nohalteger Entwécklung däerf un der Politik fir de ländleche Raum net laanscht goen. D’Regirung stellt ee Plang iwwert d’ländlech Entwécklung op. Dëse Plang soll d’Kompetitivitéit vun de ländleche Regioune verstäerken. Séng Ëmsetzung soll déi ekonomesch Devitaliséierung vum ländleche Raum stoppen. D’Renovatioun an d’ « mise en valeur » vum ländleche Patrimoine gin encouragéiert. D’Regirung ënnerstetzt d’Entstoe vun neie lokalen Entwécklungsgruppen am Kader vun der kommunautärer Initiativ Leader. Et gëtt keng nohalteg Entwécklung, wann d’Staatsfinanze sech an déi falsch Richtung bewegen. D’Finanz- an d’Budgetspolitik vun der Regirung wäerte sech duerch eng ausgesprachen Disziplin auszeechnen déi konform as mat de Grondprinzipie vun der Europäescher Wirtschafts- a Währungsunioun. D’Regirung wäert duerfir suergen, datt d’Finanzkapazitéit vum öffentleche Secteur exzedentär an de Staatsbudget am Equiliber bleiwen. D’Regirung wäert d’öffentlech Schold op engem niddrege Niveau stabiliséieren. D’Öffentlech Ausgaben däerfe mëttelfristeg betruecht net méi séier wuesse wéi de PIB. Eventuell Plus-Valuen gin ënner enger nach festzeleënder Form no parlamentarescher Approbatioun den Investitiounsfongen zougefouert. Mat Plus-Valuen finanzéiert ee keng Konsumausgaben. D’Regirung wäert pluriannuel Programmer fir d’öffentlech Investissementer présentéieren. Lëtzebuerg genéisst Respekt an Europa wéinst der gudder Féierung vu senge Staatsfinanzen. Dat soll esou bleiwen. Dat wäert och esou bleiwen. Här President, Dir Dammen an Dir Hären, Dat waren an e puer séiere Säz an a geraffter Form d’Basisprinzipien no deenen d’Regirung an deene 5 kommende Joren d’Politik vun eisem Land gestallte wëllt. Déi Zäit déi kënnt gëtt net einfach. Si zeechent sech aus duerch muenech Onsecherheet, duerch heiandsdo däischter Perspektive weltwäit, awer och duerch vill Virzeechen an Zeechen déi hoffe loossen. Um Enn vun dësem Jorhonnert hu mer d’Chance an engem Land voller Méiglechkeeten an op engem Kontinent am Fridden ze liewen. Loost mer dës Chance notzen an alles maachen, mat eise bescheidene Mëttelen, fir datt de Fridden vum Joer 1999 ee Jorhonnert laang dauert. Fir d’Mënschen muss dat 21. Jorhonnert besser gin wéi dat 20. et fir si war. 1043 Accord de coalition AOÛT 1999 1. Ministère d’Etat - Institutions - Politique des médias et société de l’information 2. Ministère des Affaires Etrangères, du Commerce Extérieur, de la Coopération et de la Défense 3. Ministère de l’Agriculture, de la Viticulture et du Développement Rural 4. Ministère des Classes Moyennes, du Tourisme et du Logement - Politique en faveur des PME - Logement - Tourisme 5. Ministère de la Culture, de l’Enseignement Supérieur et de la Recherche - Culture - Enseignement Supérieur - Recherche 6. Ministère de l’Economie - Politique économique - Politique énergétique 7. Ministère de l’Education Nationale, de la Formation Professionnelle et des Sports - Enseignement et Formation Professionnelle - Sports 8. Ministère de l’Environnement 9. Ministère de la Famille, de la Solidarité Sociale et de la Jeunesse 10. Ministère des Finances - Politique budgétaire - Politique fiscale et harmonisation fiscale au niveau européen - Place financière 11. Ministère de la Fonction Publique et de la Réforme administrative 12. Ministère de l’Intérieur - Politique communale - Sécurité intérieure - Aménagement du territoire et aménagement communal - Gestion de l’eau 13. Ministère de la Justice 14. …

🔗 Vers la source officielle

Explication IA à partir du texte officiel de la loi. Indicatif, ne remplace pas un conseil juridique.